Table ronde "Sech als Fra politesch engagéieren: Firwat net?"

An Zesummenaarbecht mat der Commission de la Famille, de la Jeunesse et de l’Egalité des Chances vun der Chamber hat de ministère de l’Egalité des chances den 8. März 2010, um Internationale Fraendag, eng Manifestatioun organiséiert, déi soll dozou bäidroen, Fraen ze motivéieren, sech politesch ze engagéieren.


Um Programm stoung eng Diskussiounsronn mat der Madame Hetto-Gaasch, Ministesch vun der Chancegläichheet zesumme mat Buergermeeschteschen, Buergermeeschter an Députéierten ënnert der Moderatioun vum Joëlle Hengen. Den Owend gouf ageleed vum Cabaret Stënkdéier matt hierem Stéck "Léif Hären an Härinnen".

Dernière mise à jour